Tripartite

Premier: Tripartite soll ëm d'Energiekris goen, Themeproposen an dem Kader fräi

D'Tripartite déi en Dënschdeg mat enger éischter Sitzung ufänkt, soll sech an der Haaptsaach op d‘Konsequenze vun der Energiekris, duerch de Konflikt am Noen Oste konzentréieren. Dat huet de Premier Luc Frieden haut nom Regierungsrot confirméiert.

auto_stories

3 min

Luc Frieden  | © Eric Ewald
Luc Frieden (Foto: Eric Ewald )

Den Indexmechanismus wier net den Objet vun den Tripartiteverhandlungen, dës Ausso huet de Premier Luc Frieden am Nomëtten op engem Point Presse, véier Deeg virun der éischter Ronn vu de Gespréicher tëschent der Regierung an de Sozialpartner gemaach.

"Et ass kloer fir eis, dass den Index net a Fro gestallt gëtt. Den Index ass am Stee gemeesselt, den Index ass Deel vum Lëtzebuerger Sozialmodell, an dofir steet den Index an der Tripartite net zur Dispositioun."

D'Patronat hat bei de bilaterale Gespréicher virun zwee Deeg, gefuerdert datt iwwer den Index an der Tripartite geschwat gëtt. D'Indextranche sollt op eemol d'Joer limitéiert ginn, esou d'Fuerderung vum UEL-President Michel Reckinger. 

Dier op fir Mindestloun a Logement 

Donieft huet de Regierungschef d’Dier dofir opgemaach, datt an der Tripartite och iwwer Sujete wéi de Mindestloun an d’Wunne kann diskutéiert ginn. Et géif awer virun allem drëms goen, fir de Leit an de Betriber ënnert d’Äerm ze gräifen. Dat virum Hannergrond vun der aktueller Energiekris. 

Iwwer all d’Froen, déi eng Konsequenz sinn aus der ablécklecher Energiekris an déi en Effet hunn op d’Leit an op d’Betriber, géif an der Tripartite diskutéiert ginn, huet de Luc Frieden erkläert.

“All d'Sozialpartner si selbstverständlech an deem Kader fräi, fir all déi Moossname mat op den Dësch ze leeën, dee si fir noutwendeg fannen, fir déi Effete vun där Kris, déi lassgeléist ginn ass vum Krich am Iran, ofzefiederen.”

Mee net all Theme kënnen debattéiert ginn

Et kéint een an der Tripartite awer och net iwwer all d’Froen debattéieren, déi sech am Land stellen. Villméi wieren an enger éischter Phas séier Moossname fir d’Leit a fir d’Betriber ze ergräifen.

“Doraus ergëtt sech - an ech mengen, dat wäert och e Konsensus sinn -, dass mer geziilt op déi Konsequenze vun deem Krich do kucken, mä, nach eng Kéier. All d’Sozialpartner si fräi, dat op den Dësch ze leeën. Sou versti mir de Sozialdialog.”

Op d’Fro hin, ob da schonn eng finanziell Enveloppe fixéiert gi wär, fir déi ugekënnegt Moossname fir d’Leit an d’Betriber kënnen ëmzesetzen, huet de Premier dat heite geäntwert. 

“Mir hunn iwwer eng ganz Rei méiglech Iddie geschwat, mä mir sinn nach net op deem Stadium, wou een dat ka genee chiffréieren, well mer och nach net souwäit sinn, fir ze soen: Déi do oder déi do Mesure maache mer.”

"Sozialdialog eng Chance ginn"

Elo wéilt ee mol virop dem Sozialdialog eng Chance ginn, an Diskussiounen a Verhandlungen iwwer, Zitat Luc Frieden, “wuel ënnerschiddlech Meenungen”. De Premier selwer hofft allerdéngs op e Kompromëss.