Energie

Duerch d'Energiekris intresséieren d'Leit sech méi fir Elektromobilitéit

Déi aktuell Energiekris huet en Impakt op d‘Verhale vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg, seet den Direkter vun der Energieagence Fenn Faber. Virun allem wier d‘Nofro no Informatiounen zu Alternativen zu fossiller Energie momentan héich. Eng Tendenz, déi een am Handwierk awer nach net esou spiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / imageBROKER | Robert Poorten play_arrow
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Robert Poorten)

Den Interessi ass do, seet de Fenn Faber vun der Klimaagence. Déi maache Conseil an Informatioun a Saache klimafrëndlecht Wunnen a Mobilitéit ubitt. Virun allem d'Berodungsinstrumenter géifen online méi staark genotzt ginn, virun allem an der Elektromobilitéit. 

"An der Berodung mierke mer en Ustig vun 10 bis 20 Prozent." 

D'Nofro no Elektromobilitéit wier dacks verbonne mat Photovoltaikanlagen. 

"Notammment beim Aide-Simulator mierke mer, datt mer bis zu 40 Prozent méi rakréie bei der Simulatioun vun deenen entspriechenden Aidë fir Autoen a Bornen." 

Wéi vill déi Entwécklung genee mam Krich am Noen Osten zesummenhänkt, ass schwéier ze moossen. Wat d'Zuelen um Marché vun der Elektromobilitéit ugeet, esou geet deen Trend awer och do liicht erop, mat engem Undeel vun 28,8 Prozent vun den nei Immatrikulatiounen.

Fir méi Energietransitioun misst op d'Wunne gesat ginn

Eleng dëst Joer sinn all Mount iwwer 1 .000 reng Elektresch Veen ugemellt ginn. Wa bei der Klimaagence den Optimismus dominéiert, sou gesäit et bei den Entreprisen an dësem Beräich awer anescht aus.

Den Alexander Kiefer, President vun der Fédération du Génie Technique a selwer Direkter vun engem Elektro-an Heizungsbetrib, identifizéiert eng gréisser Brems fir d'Energietransitioun, nämlech d'Logementskris.

"Et si Beweegungen do, mee awer net wéi et am Fong an där doten, an deem dote Kontext misst sinn. Et kéint ee sech do ganz aner Bereetschaften erwaarden, ganz aner Disponibilitéite vun de Clienten erwaarden, mee déi ass net do."

D'Primepolitik vun der Regierung wier wuel dee richtegen Incentive, ma eréischt wa Wunnen nees abordabel wier, wier och domadder ze rechnen, datt d'Leit nees méi massiv an déi erneierbar Technologien investéieren, esou nach de President vun der Fédération du Génie Technique.

Lauschterenplay_arrow