De Lëtzebuerger Energiekommissär réit am Kontext vum Krich am Noen Oste vu Präisinterventioune beim Pëtrol, esou wéi den OGBL an den LCGB dat gëscht gefuerdert haten, of. D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB huet d'Regierung gëschter um Mëttwoch an engem Schreiwes opgefuerdert, eppes géint d'Präishaussen ënnert anerem beim Bensinn ze ënnerhuelen, fir de Leit ënner d'Äerm ze gräifen.
EU-Kommissioun och géint staatlech Subventiounen
Et wier legitim, datt dee sech an der aktueller Situatioun Suerge mécht, an et wier och legitim vun de Gewerkschaften dës Fuerderung ze stellen, esou de Simeon Hagspiel. Mee "Präisinterventioune si wéinst der Versuergungssécherheet kritesch ze gesinn an ech roden dovun of", seet den Expert.
"Einfach well d'Präisser ëmmer en direkten Effekt kënnen hunn op de Volumen, dee consomméiert gëtt"
Och d’EU-Kommissioun, d’International Energieagence an d’OECD géifen dovun ofroden de Pëtrolspräis staatlech ze subventionéiere, well de Verbrauch doduerch kéint klammen. Lëtzebuerg wier vu Bréissel opgefuerdert ginn, Mesuren ze preparéiere fir de Fall, datt d’Situatioun ronderëm d’Versuergungssécherheet sech sollt verschäerfen, esou de Simeon Hagspiel.
D'EU huet eng staark Ofhängegkeet vun Energieimporter, mee generell géif et de Moment keng physesch Enkpäss ginn.
Um Weltmarché feelen 20 Prozent
Et misst een awer evitéieren, datt d'Consommatioun an d'Luucht geet, esou de Regierungskommissär fir Energie. Well um globale Marché feelen aktuell 20 Prozent u Pëtrol an LNG. Et wier domat ze rechnen, datt d'Situatioun sech nach verschäerfe kéint. D'Situatioun wier awer net ze vergläiche mat den Enkpäss vun 2022, déi am Zesummenhank mam russeschen Ugrëff op d'Ukrain entstane sinn.
"An deem Sënn bewäerten ech de Risiko fir de Moment als net besonnesch eminent, mee nach eemol et muss ee sech awer virbereeden a reagéieren en Fonctioun vun der Situatioun."
Anescht wéi a méi grousse Länner sinn déi Lëtzebuerger Pëtrolsreserven, déi fir ronn 90 Deeg duerginn, net all physesch hei am Land stockéiert. E groussen Deel lagert an der Belsch, an deelweis an Holland.
Pëtrolsstocke reell sur place
Op d'Fro, ob Lëtzebuerg zu all Moment op dës Reserven zeréckgräife kann, och wann et wierklech géif eescht ginn, sot den Expert, datt dës reell Stocke wieren. Dat heescht, datt de Pëtrol och wierklech physesch do gelagert wier.
"Natierlech muss een dat organiséieren, mat Camionen, gegeebenefalls mat enger Pipeline. Mee de System ass esou opgezunn, datt dat och funktionéiert."
Et géif och Obligatioune fir Importfirmen dës Stocken ze halen, esou nach de Simeon Hagspiel, Regierungskommissär fir Energie.