National

Cellule interministérielle: Keng weider Detailer zu den Drone-Virfäll de Weekend

Et géife keng weider Detailer oder zousätzlech Informatiounen zu den Dronevirfäll de Weekend ginn. Dat schreift déi interministeriell Drone-Cellule an engem Communiqué. D'Cellule interministérielle war de Moien zesummenkomm fir de Point vun der Situatioun ze maachen.

auto_stories

1 min

Dron | © Bigstock
Dron (Foto: Bigstock)

Déi kompetent Servicer wiere weider mobiliséiert a géifen d‘Situatioun weider iwwerwaachen an analyséieren. De Public géif direkt informéiert ginn, wann et eng pertinent Entwécklung géif ginn, heescht et am Communiqué. 

An der Nuecht vu freides op samschdes waren net erlaabten Dronen iwwer de Findel geflunn. De Fluchverkéier war eng Zäit laang komplett ënnerbrach ginn.