De Manuel Atug ass Expert fir de Schutz vu kritescher Infrastruktur. Hie fënnt, datt d’Regierung ze vill Raum fir Spekulatioun géif loossen, andeems se keng Detailer zu de Virfäll nennt.
Hien huet 2018 d'Arbeitsgmeineschaft Kritis gegrënnt, déi sech ënner anerem fir d’Sécherheet vu kriteschen Infrastrukturen an Däitschland asetzt. Als Sécherheetsberoder beréit hie reegelméisseg déi däitsch Bundesregierung an Theeme wéi zum Beispill Cybersécherheet.
Méi Transparenz amplaz Raum fir Spekulatioun
D’Lëtzebuerger Regierung géif mat hirer Aart ze kommunizéieren d’Bevëlkerung veronsécheren, esou de Manuel Atug. Eng méi transparent an oppen Approche wier a sengen A besser gewiescht.
"Was ist da gerade das Szenario, das ermittelt wird?“ Natürlich nicht die ermittlungstaktischen Details, aber man kann das ja auf einer abstrakten Ebene sauber formulieren."
"Deutungshoheit" halen
Am Krisemanagement an an der Krisekommunikatioun wier dat Wichtegste, d'"Deutungshoheit" ze halen. Doduerch kéint een der Bevëlkerung d’Angscht virun den Dronen huele, seet de Manuel Atug. Andeems ee keng Detailer nennt, géif een déi Angscht just verstäerken. An dat wier deemnowéi jo d’Zil vum Acteur, deen d’Dronen agesat huet.
D’Dronen einfach ofzeschéisse wier keng Optioun, seet den Expert fir de Schutz vu kritescher Infrastruktur. Well wann een eng Dron stéiert, respektiv zerstéiert, kéint dës onkontrolléiert eroffalen.
"Sie kann gegebenenfalls sogar explosives Material tragen und damit auf dem Flughafen, auf dem Tanklager, auf Passagieren oder im Extremfall außerhalb eines solchen Gebiets in einen Kinderwagen krachen oder irgendwo detonieren."
Dronenofwier wier e ganz komplexe Sujet, esou nach de Manuel Atug. Dat géif doru leien, datt et vill verschidden Typpe vun Drone gëtt a jee no Fall ënnerschiddlech Strategie sënnvoll wieren.
Wéi d’Mesurë géint Dronen ausgesi wier um Enn d’Responsabilitéit vun der Regierung.
De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.