Verteidegung

Lëtzebuerger Defense wëllt US-Kommunikatiounssystem méi laang wéi geplangt notzen

D’Satellitte Konstellatioun "Wideband Global Satellite" erméiglecht eng sécher a widderstandsfäeg Kommunikatioun fir d’Arméi. D'Defense wëllt deen zwar méi laang notze wéi geplangt, huet sech awer dogéint entscheet a weider Kapazitéiten ze investéieren, esou de Verteidegungsministère op Nofro.

auto_stories

1 min

Symbolbild | © picture alliance / CHROMORANGE | JaRu Creative Studio
Symbolbild (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | JaRu Creative Studio)

Déi aktuell Notzung soll ëm zwee Joer, also vun 2039 op 2041, verlängert ginn. D’Käschten dofir belafen sech op eng Millioun US-Dollar. Iwwerdeems deelt d’US-Space Force mat, datt néng Staaten, déi d'WGS niewent Lëtzebuerg notzen, decidéiert hunn, weider 300 Milliounen Dollar an de Kommunikatiounssystem ze investéieren. Esou sollen dann och vun 2028 un nei Satellitten an de Weltall geschéckt ginn.

Am Ganzen huet Lëtzebuerg zënter 2012 ronn 50 Milliounen Dollar an den US-amerikanesche Satellittesystem investéiert.