Frankräich

Geet et duer? Gemëschte Reaktiounen op d'Energiehëllefen a Frankräich

A Frankräich gräift d’Regierung de Betriber wéinst den héije Pëtrolspräisser ënner d’Äerm. Zum Beispill solle si Chômage partiel ufroe kënnen, wann d’Aktivitéit staark betraff ass. Iwwerdeems manifestéiere verschidden Organisatiounen aus dem Transportwiesen. Och fir haut sinn Aktioune geplangt. 

auto_stories

1 min

headphones

2 min

De Périphérique ronderëm Paräis gouf mat Autoen a Camione quasi zum Stëllstand bruecht | © EPA/YOAN VALAT play_arrow
De Périphérique ronderëm Paräis gouf mat Autoen a Camione quasi zum Stëllstand bruecht (Foto: EPA/YOAN VALAT)

Scho leschte Freideg hat d’Regierung Hëllefen an Héicht vun ongeféier 70 Milliounen Euro fir betraffen Entreprisen aus dem Transportsecteur an der Landwirtschaft annoncéiert. Domadder sollen déi betraffen Entreprisen zum Beispill mat 20 Cent pro Liter Sprit gehollef kréien. Uganks dëser Woch hat den Aarbechtsminister Jean-Pierre Farandou op france info awer nach weider Mesuren annoncéiert. 

Fir betraffe Betriber ze entlaaschten, stellt d’Regierung hinnen d’Optioun vum Chômage partiel zur Verfügung, wann d’Aktivitéit wéinst der Pëtrolskris staark erofgeet. Dem Farandou no wieren den Ament awer nach net alt ze vill Betriber betraff. Och de Chômage partiel kéint de Staat ronn 70 Milliounen Euro kaschten.

Op de Stroosse gëtt manifestéiert

Och wann de Budget wéinst dem Staatsdefizit ganz knapp wier, misst een awer kucke fir d’Betriber ze ënnerstëtzen, sou de Farandou. Aus dem Transportsecteur waren d’Reaktiounen op d’Annonce gemëscht. Et wier zwar ee gudden éischte Schratt, mee vill Organisatioune soen et géing net duergoen, fir d’Käschtenexplosioun ofzefiederen.

Dowéinst gëtt dës Woch och op de Stroossen am Land manifestéiert. Scho gëschter gouf de Périphérique ronderëm Paräis mat Autoen a Camione quasi zum Stëllstand bruecht. Fir haut ass eng änlech Aktioun zu Nantes geplangt, muer dann am Süde vum Land.

Lauschterenplay_arrow