Defense

Lëtzebuerg a Frankräich ënnerschreiwen gemeinsam Deklaratioun zu Militärindustrie

Lëtzebuerg a Frankräich hunn eng gemeinsam Déclaration d’intention iwwer eng verstäerkte Cooperatioun am Beräich vun der Militärindustrie ënnerschriwwen. Déi Franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin an hir Lëtzebuerger Homologin Yuriko Backes hunn dat gëschter zu Lëtzebuerg gemaach. 

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Déi franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin (l.) an déi Lëtzebuergesch Defenseministesch Yuriko Backes | © Carole Schimmer play_arrow
Déi franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin (l.) an déi Lëtzebuergesch Defenseministesch Yuriko Backes (Foto: Carole Schimmer)

D’Zil vun där Kooperatioun ass et zesumme Programmer entwéckelen an Technologien notzen déi ënnertenee kompatibel sinn. Lëtzebuerg kéint een net mat den industrielle Kapazitéite vu Frankräich vergläichen an dach huet de Grand-Duché eng Rei Entreprisen a Start-Uppen déi am militäresche Beräich kënne collaboréieren, betount d’Defenseministesch Yuriko Backes.

"Mir hunn haut, laut engem Mapping vu Luxinnovation méi wéi 100 Entreprisen, déi an der Defense ënnerwee sinn, an eis geet et do drëms, dass mir, an och all deene gréissere Kontrakter, déi mer wäerte misse maachen iwwert déi nächst Joren, dass mir eis Industrien do mat an d'europäesch an international Chaîne de valeurs mat erakréien."

Hei hätt een elo véier Domänen ausgemaach, wou déi franséisch a Lëtzebuergesch Industrie kéinte besser zesumme schaffen, esou nach d'DP-Defenseministesch Yuriko Backes.

Franséisch Homologin lueft Lëtzebuerger Weltallaktivitéiten

Lëtzebuerg wier zwar kleng mee hätt verschidde Spezifizitéiten, ewéi d’Weltallaktivitéiten, déi an der Defense wichteg wieren, esou déi franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin.

"Je salue notamment tout le travail que vous menez pour l espace. Et c'est pour nous un enjeu stratégique que celui à la fois de la communication, du renseignement. Et je sais que le Luxembourg va déployer un spécialiste au sein du commandement de l'espace. Ça aussi, c'est un bel exemple de partenariat entre nos pays, avec un spécialiste qui demain pourra travailler avec nos équipes à Toulouse." 

Béid Defeneseministerinnen hu beim Treffen nach eng Kéier ënnerstrach, datt ee komplett solidaresch mat der Ukrain wier.

Lauschterenplay_arrow