Fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen an de Secteuren Transport, Landwirtschaft a Fëscherei ze entlaaschten, hat de franséische Wirtschaftsminister de Weekend annoncéiert, datt déi staatlech Investitiounsbank e sougenannten “Prêt flash” wäert erméiglechen.
Entreprisen aus de betraffene Secteuren, bei deenen d’Spritkäschten minimum 5 Prozent vum Chiffre d’affaire ausmaachen, kënne vun nächstem Méindeg un e Prêt tëschent 5.000 a 50.000 Euro ufroen.
Dëse leeft da mat 3,8 Prozent Zënsen an iwwer 36 Méint an d’Sue solle scho bannent siwen Deeg um Konto vun de Betriber landen. Fir de Wirtschaftsminister kann een esou den Entreprisen ënner d’Äerm gräifen.
Reaktioun fält duerchwuessen aus
Den nationalen Taxiverband sot, et wier keng laangfristeg Léisung a kéint dozou féieren, datt d’Entreprisë just nach méi Scholden usammelen.
D’Fëscher am Mëttelmier gi vun haut un an e Streik, well si méi drastesch Mesurë fuerderen an och d’Landwirtschaftsgewerkschaft FNSEA huet d’Protestaktioune vun de Baueren en vue gestallt, sollt d’Regierung net méi Hëllef ubidden.
Gewerkschaft fuerdert e maximale Betrag fir d'Spritpräisser
Den Ament iwwerhëlt d’Regierung fir d’Betriber 20 Cent op de Liter Sprit. D’FNSEA fuerdert awer minimum 30 Cent.
Iwwerdeems ass d’Sophie Binet, d'Leaderin vun der zweetgréisster Gewerkschaft, der CGT, haut beim Wirtschaftsminister op Besuch. Si fuerdert ënner anerem, datt d’Spritpräisser op maximal 1,70 Euro pro Liter fixéiert ginn.
TotalEnergies, dee gréissten Tankstellebedreiwer a Frankräich, hat de Bensinnspräis op 1,99 Euro an den Diesel op 2,09 Euro plafonéiert. Vun haut un ass dat awer eriwwer an de Präis wäert deemno op villen Tankstellen am Land eropgoen.