Frankräich

Kollisioun tëschent TGV a Camion: Maschinist kënnt ëm d'Liewen

Bei enger Kollisioun tëschent engem TGV an engem Camion ass an Nordfrankräich de Maschinist ëm d‘Liewe komm. 13 Passagéier goufe blesséiert, zwee dovunner liewensgeféierlech. 

auto_stories

1 min

Den TGV deen am Norde vu Frankräich mat engem Camion kollidéiert ass | © EPA/MAXPPP/LUDOVIC MAILLARD
Den TGV deen am Norde vu Frankräich mat engem Camion kollidéiert ass (Foto: EPA/MAXPPP/LUDOVIC MAILLARD)

Tëschent Lens a Béthune, am Departement Pas de Calais, krut den Zuch mat 243 Passagéier d‘Gefier op enger Barriär ze paken.

Weider Detailer si bis ewell net bekannt.