Spuenien

Firwat ginn et grad elo Neiwalen a Spuenien a wien huet d'Nues vir?

A Spuenie goufen et weider Masseprotester wéinst der Wunnengskris. Zu Barcelona goungen zéngdausende Leit op d‘Strooss. Do virdru waren am Parlament zu Madrid, wou de Sánchez keng Majoritéit huet, zwee Dekreeter fir d‘Bekämpfe vun der Wunnengsnout gescheitert.

auto_stories

2 min

De sozialistesche spuenesche Premier Pedro Sánchez hat gëschter onerwaart virgezunnen Neiwalen annoncéiert. Dës si fir den 29. November ugesat. 

Déi massiv Protester géint d'Logementspolitik ware viru gutt zwou Woche lass gaangen. D‘Zuele gi wäit auserneen: D‘Autoritéite schwätze vun 20.000 an d‘Organisateure vun 120.000 Leit. 

87 Järeg gëtt zum Symbolbild

D'Protester waren ugaagen nodeems déi 87 Joer al Mariecarmen Abascal aus hirer Wunneng rausgehäit gi war. D'Gebai, an deem si gewunnt huet, war vun engem Investmentfong kaaft ginn.

Hire Loyer ass vun haut op muer vu 500 op 2.600 Euro eropgaangen. Si konnt dësen net méi bezuelen an ass an hirem Rollstull vun der Police aus hirer Wunneng expulséiert ginn. 

Déi emouvant Biller hunn déi spuenesch Bevëlkerung déif beréiert. D'Mariecarmen Abascal ass zum Symbolbild ginn. 

A Spuenie sinn d'Loyer deels ëm 40 Prozent geklommen, zu Madrid a Barcelona si se souguer ëm 50 Prozent an d'Luucht gaangen. 

Drock gëtt ëmmer méi héich 

Déi spuenesch Regierung huet dorops hin drastesch Mesuren ugekënnegt fir géint d'Logementskris virzegoen. Dës goufen awer am Parlament blockéiert. 

De Sánchez wollt ënner anerem forcéiert Expulsioun bis 2030 verbidden. Zäitlech begrenzte Kontrakter sollte sech automatesch renouvelléieren. 

Nieft de massive Protester ass d'Stëmmung a Spuenien den Ament och wéinst dem Virfall zu Ceuta ugespaant. Iwwerdeems besteet Korruptiounsverdacht am sozialistesche Lager. 

De Sondagen no leien déi riets Parteie vir

An de leschte Sondagë louchen d'Sozialiste wäit hanner dem Partido Popular - d'Rietspartei kënnt den Ëmfroewäerter no op ronn 34 Prozent. Déi extreemriets Vox-Partei kënnt op 18 Prozent. Zesumme kéinten déi zwou Parteien also eng Majoritéit kréien. 

Trotzdeem gëtt dem Pedro Sánchez seng Entscheedung Neiwalen auszeruffen als clevere Schachzuch gedeit.

Och wann déi rietspopulistesch Parteien no der Massenimmigratioun op déi spuenesch Exklav géint hie Politik gemaach hunn, hunn d'Sozialiste bei der Logementskris d'Leit op hirer Säit, vue datt de rietse Fligel déi ugestriefte Mesurë blockéiert hat. 

De ganze Reportage vun eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois kënnt Dir hei lauschteren.