International

Schweden: Regierungsbildung vu mëtt-lénks Bündnis gescheitert

A Schwede huet d‘Sozialdemokratin Magdalena Andersson d‘Handduch gehäit. D‘Mëtt-Lénks-Allianz hat ufanks September d‘Walen a Schwede knapp gewonnen, dat géint de fréiere konservative Premierminister Ulf Kristersson, deen elo rëm kéint un d'Muecht kommen.

auto_stories

1 min

Den aktuelle Premier Ulf Kristersson | © EPA/ANDERS WIKLUND SWEDEN
Den aktuelle Premier Ulf Kristersson (Foto: EPA/ANDERS WIKLUND SWEDEN)

Bei de Walen ufanks September waren d'Sozialdemokrate mat dräi méi klenge rout-grénge Parteien op eng ganz knapp Majoritéit komm. Am Parlament zu Stockholm - dem Reichstag - hate si 176 vun 349 Sëtz kritt.

Vun Ufank u war awer scho kloer, datt d'Sozialdemokraten an déi Lénk sech an e puer kruziale Punkten net eens sinn. 

Parlamentspresident gëtt den Optrag elo weider 

De Parlamentspresident a Schwede wäert elo engem anere Parteichef d'Missioun, eng Regierung ze bilden, iwwerdroen. Dat kéint de fréiere Premierminister Ulf Kritsersson ginn. Fir de konservative Politiker wäert et awer och schwéier ginn, eng Koalitioun ze fannen. 

An der leschter Legislaturperiod huet seng Partei an enger Dräier-Koalitioun regéiert, dat zesumme mat de Rietspopulisten. Bei de Walen am September hunn dës Parteien awer net genuch Sëtz kritt fir nees eng Koalitioun ze bilden.