Däitschland

Berlin: D'SPD geet géint d'Wal vum AfD-Politiker Tobias Rausch op d'Strooss

Déi däitsch SPD huet géint d'Wal vum AfD-Politiker Tobias Rausch als Landtagspresident a Sachsen-Anhalt protestéiert. An engem spontane Protestmarsch sinn SPD-Deputéierter zu Berlin vum Reichstag bis op de Bebelplatz gaangen – d‘Plaz, wou d‘Nazien 1933 Bicher verbrannt an d‘Muecht ergraff haten.

auto_stories

1 min

Tobias Rausch am Landtag a Sachsen-Anhalt | © picture alliance/dpa/AFP Pool | Ronny Hartmann
Tobias Rausch am Landtag a Sachsen-Anhalt (Foto: picture alliance/dpa/AFP Pool | Ronny Hartmann)

Den AfD-Politiker Tobias Rausch ass den éischte Landtagspresident vun enger Partei, déi an Däitschland zum Deel als rietsextreem agestuuft gëtt. Hie krut 48 Jo-Stëmmen.

Dat lénkt Bündnis Sarah Wagenknecht hat ugekënnegt, hien ze wielen.

Huet d'CDU fir den Tobias Rausch gestëmmt?

Et koumen awer nach zousätzlech Stëmmen dobäi. Vu wéi enger Partei ass net gewosst, well de Vott geheim war. Membere vun der SPD an eng Partie däitsch Medie behaapten, déi zousätzlech Stëmmen hätten nëmme vun der CDU kënne kommen. 

D'AfD a Sachsen-Anhalt gëllt als geséchert rietsextreem. D'CDU an och aner Parteien aus der breeder Mëtt hate sech op déi sougenannte "Brandmauer gegen Rechts" gëeenegt. Dat heescht, datt si keng Koalitioun mat der AfD aginn.

Déi rietsextreem Partei hat drop gepokert, datt CDU-Politiker a Sachsen-Anhalt nom Walsuccès vun der AfD iwwerlafe kéinten.