Lettland

Partei vu Ministerpresident Kulbergs gewënnt bei Parlamentswalen a Lettland däitlech

D'Partei vum Ministerpresident Andris Kulbergs kënnt op ronn 35% vun de Stëmmen. Bis ewell si knapp 94% vun alle Walbureauen a Lettland ausgezielt. D'mëtt-riets Bündnis konnt säi Resultat am Verglach zu de leschte Wale verdräifachen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Alexander Welscher
(Foto: picture alliance/dpa | Alexander Welscher)

D'Walvictoire vum Andris Kulbergs senger Partei gëllt als Confirmatioun fir seng pro-europäesch a pro-ukrainesch Haltung. Seng Partei dierft domat och déi nächst Regierung uféieren.

Nieft der Regierungspartei vum Andris Kulbergs konnten och populistesch Parteien zouleeën. Zweetstäerkst Kraaft gëtt d'Partei "Lettland un éischter Plaz" mat 13,2 Prozent vun de Stëmmen. Si dierfte virun allem wéinst de Suergen ëm déi national Sécherheet zougeluecht hunn. 

Just all Zweeten huet gewielt

Alles an allem wäerte 6 vu 14 Parteien déi bei de Walen ugetruede waren et an d'Parlament packen. D'Walbedeelegung loung bei eppes méi wéi 51%. 

Am Walkampf ware virun allem d'Sécherheet an d'Verdeedegung vu Lettland wichteg Sujeten. De baltesche Staat grenzt u Russland a Belarus. Och sozialpolitesch a wirtschaftlech Themen hunn eng Roll gespillt. Doduerch datt Lettland vill Suen an d'Sécherheet investéiert, feelen d'Moyenen op anere Plazen, wéi zum Beispill am Gesondheetssecteur.