Mobilitéit

Nei Horairen, Arrêten a Frequenze: Wat ännert sech am ëffentleche Busreseau?

Muer um Sonndeg 10. Mee kënnt et zu Upassunge bei den Zäiten a bei Routë vum ëffentleche Busreseau RGTR. De Mobilitéitsministère annoncéiert an deem Kontext virun allem eng besser Ubannung a Richtung Plateau vum Kierchbierg a besser Uschlëss op den Zuchgarë vu Leideleng an Ettelbréck.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

RGTR Bus | © Wikimedia Commons play_arrow
RGTR Bus (Foto: Wikimedia Commons)

Wat déi besser Ubannung a Richtung Plateau vum Kierchbierg ugeet, esou kommen an der Haaptsaach Samschdes Coursë vun Diddenuewen an d’Stad an ëmgedréint bäi an Nuets eng méi vu Stengefort an d’Stad.

A puncto besser Uschlëss op den Zuchgarë vu Leideleng an Ettelbréck ginn d’Horairen ugepasst, fir datt d’Korrespondenze mat den Zich op deenen zwou Garë besser klappen. Zu Ettelbréck geet et dobäi zum Beispill ëm d’Busse fir op Iechternach. Domat sollen ënnert anerem d’Waardezäite vun de Cliente verkierzt ginn.

Méi Sëtzplaze fir de Confort

Donieft entstinn op verschiddene Linne méi Sëtzplazen, fir de Confort an d’Attraktivitéit ze verbesseren. Entweder ginn dofir méi Coursë gefuer (wéi beispillsweis tëschent der Stad a Miersch an tëschent Beetebuerg an der Industriezon Leideleng), oder awer et gi méi grouss Busser agesat (wéi z.B. tëschent Bieles/Belval a Stengefort).

Zu gudder Lescht ginn awer och nach d’Busgare zu Ettelbréck komplett nei organiséiert, andeems d’Quaien nei opgedeelt ginn.

Verbessert Uschlëss och tëschent den Dierfer 

Suggestioune vun Notzer:innen a Gemenge wieren och a Betruecht gezu ginn, andeems d'Horairen ugepasst ginn sinn. Zum Beispill tëschent dem Kierchbierg a Miersch, Réimech a Leideleng, an och tëschent Ettelbréck a Bitburg, respektiv Jonglënster. Vu Gréiwemaacher, Munneref a Beetebuerg soll een elo och besser op Réimech kommen.

Nieft den Horairë sinn och d'Arrêten adaptéiert ginn, esou kënnt et zum Beispill op de Stopp zu Esch/Groussgaass op der Linn Esch-Steebrécken bäi. 

Op mobiliteit.lu kann een all d’Neierungen noliesen oder, bei Froen, de Callzenter vun der “Administration des transports publics” um Telefon 2465 2465 uruffen. D’Ofkierzung RGTR, steet iwwregens fir “Régime général des transports routiers”. 

Lauschterenplay_arrow