Police

Bilan vun enger Woch Speedcampagne: 600 Verstéiss géint Vitesslimitatioun

17 Führerschäiner wieren nach op der Plaz agezu ginn. Dat ass de Bilan vun der sougenannter "Speedcampagne", déi d'lescht Woch vun der Police duerchgefouert gouf.

auto_stories

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Am Ganze gouf iwwer dausend Mol d'Vitess kontrolléiert. Dovun eleng 290 Mol an engem Dag, beim sougenannte Speedmarathon. Op deem Dag huet d'Police 300 Protokoller ausgedeelt a fënnef Führerschäiner op der Plaz agezunn. 

Bal 7.000 mol hätten déi eenzel Radaren am Land d'lescht Woch wéinst ze héijer Vitess geblëtzt, esou d'Police.