Europäesch Zentralbank

EZB: Europa muss dréngend Ofhängegkeet vu fossiller Energie reduzéieren

Europa muss seng Ofhängegkeet vu fossillen Energien dréngend reduzéieren, wann d‘Präisser och an Zukunft solle stabil bleiwen. Dat sot haut en héije Responsabel vun der Europäescher Zentralbank.

auto_stories

1 min

Fossil Energie | © Bigstock
Fossil Energie (Foto: Bigstock)

Europa misst deemno dréngend d‘Energietransitioun virun a Richtung erneierbaren Energien a lokaler Produktioun dreiwen. 

D‘Inflatioun an der Eurozon iwwer ee Joer ass am Mäerz op 2,5 Prozent geklommen. Dat ass den héchsten Taux zënter Januar 2025.