International

EU bereet sech op laang Energiekris vir - Däitschland féiert nei Spritpräis-Reegel an

D'Europäesch Unioun bereet sech op eng laang Energiekris vir. Den Energiekommissär Dan Jørgensen sot, datt kee wësse géif, wéi laang de Krich am Noen nach wäert daueren. D'EU-Kommissioun wéilt geschwë konkreet Propose maachen, fir Energie ze spueren.

auto_stories

3 min

© EPA/ANNA SZILAGYI
(Foto: EPA/ANNA SZILAGYI)

Wéinst den US-israeeleschen Attacken op den Iran an dem iranesche Blockage vum Hormus-Passage sinn d‘Pëtrols- a Gaspräisser weltwäit geklommen. Woubäi d’Europäesch Unioun nach Verhältnis-méisseg gutt ewechkënnt, well Europa vill manner Pëtrol a Gas aus der Kriseregioun bezitt wéi zum Beispill  Asien. Trotzdeem tauschen d’Energieministeren sech am Moment méi dacks aus wéi gewéinlech. 

Atomkraaft nee merci?

An deem Kontext wier ee sech eens, datt et méi dréngend wéi jee wier fir elo déi erneierbar Energien auszebauen, dat sot de Lëtzebuerger Energieminister Lex Delles am 100,7-Interview no enger Videokonferenz gëschter vun den EU Energieministeren.

"Dat Bewosstsinn ass natierlech méi staark."

Et géifen elo awer verschidde Länner ginn, déi soen, datt een elo konsequenten den Ausbau vun der Nuklearenergie nees fërdere misst, esou den DP-Energieminister Lex Delles. 

Et wéisst een awer, wann een elo en neie Reaktor plangt, datt deen an den nächste fënnef, zéng Joer net do steet. Wat een elo awer maache kéint, wier konsequent a Photovoltaik, Hydro- a Wandenergie investéieren. Fir esou vill wéi méiglech un d'Dependancen ze verléieren, esou de Lex Delles. 

"An dat ass och d'Positioun, déi ech hei als Lëtzebuerg vertrueden hunn. Mir musse konsequent d'Zesummenaarbecht stäerken, datt mir eis Marchéen, eis Netzer besser mateneen ofstëmmen, besser matenee vernetzen als Länner an, datt mir also konsequent d'erneierbar Energie kënnen ausbauen."

De Lex Delles war aus Portugal bäigeschalt, wou hien am Moment op enger Aarbechtsvisitt ass. D'Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn d'Regierung iwwerdeems opgefuerdert, dringend eppes wéinst de Präishausse vun de Pëtrolsproduiten ze ënnerhuelen. 

Däitschland: Präisser dierfe just um 12 Auer mëttes erhéicht ginn 

An Däitschland trëtt an der Mëttesstonn haut um Mëttwoch iwwerdeens eng nei Reegel fir d‘Bensinn- an Dieselpräisser a Kraaft. Deemno däerfen d‘Tankstellen d‘Präisser nëmmen nach eemol am Dag, um 12 Auer mëttes, erhéijen.

Präisbaissë sinn zu all Zäit erlaabt. Déi däitsch Regierung hat d‘Reegel nom Virbild vun Éisträich decidéiert fir op d‘Spritpräis-Hausse wéinst dem Krich am Noen Osten ze reagéieren. 

D‘Bedreiwer vun den Tankstellen an de Konsumenteschutz bezweifelen awer, datt déi nei Reegel e groussen Impakt op d‘Präisser wäert hunn. 

Greenpeace: Pëtrolsgesellschafte maache Millioune Profitter 

Greenpeace Frankräich kënnt an enger Etüd zum Schluss, datt d‘Pëtrolsgesellschaften iwwer 80 Milliounen Euro Zousaz-Profitter, zënter dem Ufank vum Krich am Noen Osten, gemaach hätten.