Nieft der staarker Belaaschtung duerch Ozon hunn och d'Dampwolleke vun de massive Bëschbränn queesch uechter Europa, Nordamerika an a Südostasien dofir gesuergt, datt d'Loftqualitéit sech verschlechtert huet.
EU-Riichtwäert massiv iwwerschratt
Enger EU-Riichtwäert no sollt de Wäert vum Ozon net méi héich wéi 120 Mikrogramm pro Kubimketer sinn. Och sollt dee Wäert net méi laang wéi 25 Deeg am Joer iwwerschratt ginn.
Dëse Summer goufen et virun allem am Süde vun Europa awer op mannst wärend 30 Deeg massiv Iwwerschreidunge vun deem Wäert.
Déi héchst Ozon-Belaaschtung gëtt et iwwerdeems a Metropolen ewéi Mailand, Delhi, Kairo a Mexiko-City.