D'Iwwerschwemmunge wieren zwar mëttlerweil ënner Kontroll, heescht et, mee d'Waasser géif nach ëmmer weider klammen an de Schued wier enorm.
Reensaison méi naass wéi gewinnt
Méi wéi 300 Milimeter Ree sinn zënter en Donneschdeg an der Haaptstad vun Thailand erofgaangen.
1 Millioun Sandsäck sollen elo an d'Haaptstad bruecht ginn, huet déi thailännesch Regierung ugekënnegt. Och sollen a verschiddene Schoulen Noutënnerkonften opgemaach ginn.
September ass den Héichpunkt vun der Reensaison an Thailand. Mee des Period wier méi naass gewiescht wéi gewinnt, esou thailännesch Autoritéiten. An der Haaptstad sinn am Septemberen tëschent 1991 an 2020 an der Moyenne bal 269 Milimeter Ree gefall.
Bis de 25. September dëst Joer waren et schonn 487 Milimeter Reen. Wëssenschaftler warnen, datt dëst Phenomeen sech an Zukunft ëmmer méi dacks widderhuele wäert wéinst dem Klimawandel.