Musikalesch op de Mount Everest

play_disabled
on the headlines

“De Mount Everest”, seet de Geiist Frank Peter Zimmermann iwwer dem Ludwig van Beethoven säi Concerto a Ré Majeur. A wéi een haart trainéiere muss, fir op den héchste Bierg ze klammen, esou muss ee sech och ëmmer nees mat dësem eenzege Geieconcerto vum Bonner Meeschter ausenanersetzen. Wéi de Frank Peter Zimmermann dat mécht, héiert Dir wärend dem Live-Concert mat der Deutschen Radiophilharmonie aus der Congresshalle zu Saarbrécken, deen den opus 100,7 zesumme mat dem SRKultur iwwerdréit.

Een anere Schwéierpunkt um Programm ass e Bléck zeréck an d'Renaissance an de Barock mat Wierker vun Dowland, Rameau a "Le tombeau de Couperin" vum Maurice Ravel.

Dëse Concert kann ee bis de 7. Dezember an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.


Programm:

John Dowland (1563-1626): Lachrimae antiquae, aus “Lachrimae or seven teares”

Ludwig van Beethoven (1770-1827): Concerto fir Gei a Ré Majeur, op.61

Jean-Philippe Rameau (1683-1764): "Dardanus" Suite

Maurice Ravel (1875-1937): Le tombeau de Couperin


Interpreten:

Frank Peter Zimmermann, Gei

Deutsche Radio Philharmonie

Josep Pons, Direktioun

mic_none

Presentéiert vum

Episoden