90. Gebuertsdag vum Leopold Hager an der Philharmonie!

play_disabled
on the headlines

Vun 1981 u war de Leopold Hager 15 Joer laang de Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deemools RTL Sinfonieorchester. Zanterhier kënnt de Salzburger dacks zeréck fir Concerten ze dirigéieren an al Erënnerungen opliewen ze loossen. Haut den Owend steet hien op der Bün an der Philharmonie, zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker a feiert mam ganze Public säi ronnen 90. Gebuertsdag.

Den Opus iwwerdréit de Concert live, an duerno kann een e fir 7 Deeg an der Mediathéik op www.opus.radio nolauschteren. Presentéiert gëtt dëse Gebuertsdagsconcert vum Marie Schockmel vum Opus.

Programm:

Richard Wagner:

  • Tannhäuser: Ouvertüre
  • Wesendonck-Lieder

Anton Bruckner:

  • Symphonie Nr. 3 / 3. Fassung

Interpreten:

  • Lëtzebuerger Philharmoniker
  • Leopold Hager, Direktioun
  • Eva Zaïcik, Mezzosoprano
mic_none

Presentéiert vum

Episoden