De Berliner Komponist a Pianist Lambert huet säin neien Album I am not Lambert viru kuerzem released. Hien ass bekannt fir seng markant sardesch Stéiermask, déi hien bei all sengen Optrëtter unhuet. Mat sengem neien Album spillt hie bewosst mat dëser Anonymitéit an der Fro, wien de Lambert iwwerhaapt ass. Esou bleift de Kënschtler senger mysteriéiser Linn trei.
D’Musek vum Lambert léisst sech net einfach an eng Schublad stiechen. Och wann hien ursprénglech eng klassesch Pianosausbildung huet, sprengt hie gären ëmmer nees d'Grenze vun de Genren. Seng Stécker verbannen Elementer aus der Neo-Klassik mat Jazz, Pop a souguer elektronescher Musek. Dem Lambert seng Klangwelt ass liicht, emotional a melancholesch.
Ganz besonnesch ass de Klang vu sengem Piano. De Lambert bezeechent d’Pianoen, déi hie benotzt als „shitty pianos“. Instrumenter, déi net am beschten Zoustand sinn, senge Stécker awer e ganz eegene Charakter ginn. „I am not Lambert“ ass en Album, dee klassesch ass a gläichzäiteg anescht. Déi perfekte Musek fir sech un der klassescher Musek erunzetaaschten.