Am Communiqué schwätzt ee vun engem neien Netzwierk, dat et erméiglecht, de Gewënner vun den ICMA eng méi grouss Visibilitéit ze ginn.
D’ICMA vergëtt al Joers dräi Awards u jonk Nowuesskënschtler: de Young Artist of the Year, den Discovery Award an och de Classeek Award. Gewënnerinnen a Gewënner vun deene Präisser kommen elo duerch dëst Netzwierk also an ee Pool vu méigleche Kënschtler, déi op internationale Bühnen vun Orchesteren an de Programm kënnen opgeholl ginn.
An deem Netzwierk mat dra sinn Orchesteren, Concertsveranstalter an och Kammermusekspartner vun internationaler Gréisst, déi elo dann och prett sinn di éischt Saison ënnert dem neien Netzwierk ze gestalten.