Haut, 4.12., viru 60 Joer koum eng Fra op d’Welt, déi eppes fäerdeg bruecht huet, wat virun hir an no hir ni méi een oder eng Lëtzebuerger Museker:in fäerdeg bruecht huet: den zweete Präis am renomméierten Tchaikowsky Concours zu Moskau ze gewannen.
Haut wier d'Françoise Groben 60 Joer al ginn, wa si net tragescherweis 2011 am Alter vun nëmme 45 Joer no kuerzer schlëmmer Krankheet verstuerwe wier.