Dee Saz krut de Jeff Mack bei sengem Opnamexamen zu Saarbrécke vun der Jury gesot. Réckbléckend ass den Trompettist glécklech doriwwer, net ugeholl ginn ze sinn. Well säi Wee huet hien op d'Musekshéichschoul Mainz gefouert, wou hie mam Lutz Mandler an Andreas Karasiak genee déi richteg Proffe fonnt huet, fir hien a sengem aussergewéinleche Wee ze begleeden. De Jeff Mack ënnerriicht haut mat Passioun Trompett am Stater Conservatoire. Mee dat ass net säin eenzegt Instrument. Säin zweet Instrument, dat ass seng Stëmm, déi him virun allem fir de solisteschen Deel vill bedeit. Hien ass nämlech och Countertenor. Seng Stëmm entdeckt hie schonn als Kand am Jugendchouer vum Conservatoire du Nord. Deemools huet hie vill Spaass dorunner a mat 13-14 Joer séngt hien nach ëmmer als Sopran. Hie kënnt einfach net an de Stëmmbroch an doduerch gëtt hien ëmmer nees gefrot, bei gréissere Concerten déi héich Stëmm ze sangen. Iergendwann gëtt him bewosst, datt d'Stëmm och en Instrument ass, wat him eigentlech vill méi einfach fält wéi d'Trompett.
An dëser Episod vu Klassik Talk verréit de Jeff Mack, firwat hien sech net fir den einfachste Wee entscheet huet. Hien ënnerhält sech mam Marie Trussart iwwer d'Stëmm an de Repertoire vum Countertenor, iwwer d'Traditioun vun de Kastraten a wéi d'Roll vun deenen héije männleche Stëmmen sech iwwer d'Joerhonnerte weiderentwéckelt huet.
D'Playlist vum Jeff Mack
-
André Jolivet (1905–1974): Concertino fir Trompett, Piano a Sträicher
-
Wolfgang Amadeus Mozart (1756-1791): Requiem a Ré Mineur, KV 626, XII. Benedictus
-
Johann Sebastian Bach (1685-1750): Matthäus-Passion Bwv 244 39. Aria: Erbarme Dich