Eisen nächste Gaascht am Klassik Talk ass de Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners. Dee feiert dës Woch säi 70. Gebuertsdag. Dat war d'Occasioun fir hien an eise Studio anzelueden an e Bléck zeréck op seng Carrière ze werfen. Am Gespréich mam Marie Trussart verréit de Komponist iwwer seng Ufäng an der Musek an iwwert dat éischt Stéck, wat hien als Kand komponéiert huet. Alles huet am 'Café Léiwekeller' zu Hollerech ugefaangen. Hien deelt mat eis d’Erënnerungen un de grousse Festsall voller Instrumenter an un de Moment, wou hien als klenge Jong op sengem Papp sengem Schouss souz an d’Taste vum Piano erofgoe gesinn huet.
Mat 23 Joer trëfft de Claude Lenners eng Entscheedung, déi säi Liewe fir ëmmer verännere sollt: hie verléisst säi sécheren Job als Informatiker fir Musek ze studéieren. Zanterhier huet hie säi Liewen der Musek gewidmet. Joerzéngtelaang ënnerriicht hien am Conservatoire, mëttlerweil ass hie pensionéiert a ka sech voll a ganz op d'Kompositioun konzentréieren.
D'Playlist vum Claude Lenners
- Olivier Messiaen (1908-1992): Merles et grives Nr. 2 aus: Catalogue d’oiseaux fir Piano
- Chick Corea (1921-2021): Night Sprite
- György Ligeti (1923-2006): Hungarian Rock
- Adama Dramé (*1954): Percussion
- Claude Lenners (*1956): Zulu aus: Insect Hotel
- John Cage (1912-1992): 2. a 4. Sonaten aus: Sonaten an Interlüden for Prepared Piano
- Johann Sebastian Bach (1685-1750): Gigue aus: Suite fir Laut a Sol mineur, BWV 996
- Ludwig van Beethoven (1770-1827): Presto aus: 10. Sträichquartett a Mi bémol majeur, Op. 74, „Harfenquartett“
- Claude Lenners (*1956): Isola Volante