All Museker:in stoung scho mol virun der Situatioun, datt hien oder si spontan gefrot gouf fir der Famill, am Bekanntekrees oder de beschte Kolleegen eppes virzespillen. Dacks ass den éischte Gedanken awer: "Wat spillen ech dann elo?" oder "Oh nee, trauen ech mir dat zou?" All dës Gedanken hu mat Angscht ze dinn.
An dësem Episod schwätzt den Organist Maurice Clement genee doriwwer, wéi ustiechend d'Angscht ka sinn.