De Maurice Clement ass Titularorganist vun der Philharmonie an zu Dikrech, Improvisateur, Pianist, Enseignant a Museker mat Läif a Séil. D'Passioun fir d'Uergel kënnt a jonkem Alter, woufir och séier d'Decisioun kënnt seng Karriär am Instrument ze lancéieren. Säin Häerz schléit fir Musek déi net just genau notéiert muss sinn, ma grad d'Fräiheet an der Improvisatioun ass dat, wat de Maurice Clement faszinéiert.
Mee kënne Museker an d'Generatioun vun haut nach improviséieren oder wat hält eis dovun of? Firwat hu vill Museker:innen mat Angscht beim Üben ze kämpfen. Dat a firwat "Worklife-Balance" fir de Maurice Clement perséinlech een Tabu sinn, verréit hien eis als Invité am Opus Podcast Klassik Talk.