Eise nächste Gaascht beim Klassik Talk ass de Benjamin Schäfer. Déi meeschte kennen hien als Perkussionist a Solopauker bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, oder och als Dirigent vum Orchestre Place de l'Europe. Haut léiere mir de Benjamin Schäfer op eng ganz perséinlech Artaweis kennen. Hien zielt eis iwwer seng Saarlännesch Wuerzelen a wéi seng musikalesch Rees mat enger Blockflütt am Keller vu senge Grousselteren ugefaangen huet a mat der Duerfmusek weidergaangen ass. Hien erkläert, wéi hien am richtege Moment déi richteg Leit bei sech hat, déi hie gepusht hunn. Mat nëmmen 22 Joer huet de Benjamin Schäfer säin Draam erfëllt bei engem Philharmoneschen Orchester matzespillen, wou hien seng Platz bei de Lëtzebuerger Philharmoniker krut. Hien erkläert den Ënnerscheed tëschent enger Batterie a Perkussioun a weist dem Marie Trussart de geféierlechste Rhythmus, deen et fir en Drummer gëtt. Hien zielt zudem och iwwer déi kuriésesten Instrumenter, déi hien als Perkussionist je misst spillen a firwat hien duerch d’Dirigéieren e bessere Perkussionist ginn ass. Zësumme lauschtere mir an deene Stécker ran, déi säi Liewe geprägt hunn, souwuel als klenge Jong am Saarland, wéi och als Perkussionist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. An hie verréit, wat hien zur Zäit beschäftegt. Spoiler: et geet net ëm Musek.
D’Playlist vum Benjamin Schäfer:
Gustav Peter (1833-1919): Erinnerung an Zirkus Renz (Solo fir Xylophon a Blosorchester)
Richard Strauss (1864-1949): Auf Dem Gipfel, aus: Eine Alpensinfonie, Op.64
Maurice Ravel (1975-1937): Boléro
Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Alegretto, aus: 7. Sinfonie an Do majeur, op. 60
Anton Bruckner (1824-1896): Adagio, aus: Sinfonie Nr.7 a Mi Majeur
Traditionell: Glück auf, der Steiger kommt