Am Klassik Talk vun dëser Woch hu mir mam Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2025 geschwat. De jonken hollännesche Pianist Nikola Meeuwsen war de leschten Donneschde fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien ënnert der Leedung vum Riccardo Minasi den zweete Concerto fir Piano vum Prokofjew interpretéiert, mat deem hien och de Concours gewonnen huet.
Den Nikola Meeuwsen huet bei Gréisste wéi der Marlies van Gent, dem Enrico Pace, dem Frank Braley an dem Avedis Kouyoumdjian Piano studéiert. Schonn 2022 war hie mam Grachtenfestival Award ausgezeechent ginn, dat, nodeems hien de Concertgebouw Young Talent Award, d’Royal Concertgebouw Competition an d’Steinway Competition an deene Jore virdru gewonnen hat.