Am Klassik Talk vun dëser Woch hu mir mam Gewënner vum Concours Reine Elisabeth 2025 geschwat. Dee jonken hollännesche Pianist Nikola Meeuwsen war de leschten Donneschdeg fir e Concert hei zu Lëtzebuerg. Zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker huet hien ënner der Leedung vum Riccardo Minasi deen zweete Concerto fir Piano vum Prokofiev interpretéiert, mat deem hien och de Concours gewonnen huet.
An dësem éischten Extrait vum Klassik Talk verréit den Nikola Meeuwsen, wat hien inspiréiert. Seng Heemecht no um Mier, d’Natur am allgemengen, awer nach villes méi. A wéi eng Verbindung hie mat Lëtzebuerg huet, dat verréit hien eis hei och.