D'Komponistin Catherine Kontz ass hei am Land grouss ginn, am Moment lieft si awer mat hirem Mann a mat hire Kanner zu London. Eigentlech wollt si deemools eppes "Seriöes" maachen: Si hat net vir vun der Musek ze liewen an huet dunn Ekonomie zu Paräis studéiert. Si war eng immens gutt Studentin, mee hir war langweileg. Am drëtte Joer Bachelor dréit si komplett duerch, hält mat hirem Studium virum Ofschloss op an zitt op London fir Musek ze studéieren.
Kuerz virum Rainy Days Festival huet sech d'Marie Trussart mat der Komponistin getraff. Matten an der leschter Phas vun de Preparatiounen hu si iwwer de Festival geschwat, bei deem d'Komponistin scho fir d'Drëtt als Directrice artistique wierkt. Si verréit ënner anerem wéi eng Challengë bei esou engem Projet op een duerkommen. Mee fir d'éischt: wéi geet et hir eigentlech, ganz kuerz virdrun?