De Gerry Welter gehéiert definitiv zu deene Mënschen, déi een an der Lëtzebuerger Musekszeen als Institutioun bezeechent. Hie war 40 Joer laang Braatschist am fréieren RTL Orchester, Enseignant fir Braatsch am Stater Conservatoire, hie war ee vun der Grënnungsmembere vun den Amis de l’orgue an huet an diverse méi klengen Ensembele matgespillt.
An dësem Klassik Talk schwätzt de Gerry Welter iwwer déi schéi Momenter, déi hie mam Méchelchouer erlieft huet. Iwwer monumental Wierker, déi si konnten opféieren, wéi d'Schöpfung oder de Messias, an iwwer e ganz spezielle Concert an der Berliner Philharmonie.