De Gerry Welter gehéiert definitiv zu deene Mënschen déi een an der Lëtzebuerger Musekszeen als Institutioun bezeechent. Hie war 40 Joer laang Braatschist am fréieren RTL Orchester, Enseignant fir Bratsch am Stater Conservatoire, hie war ee vun der Grënnungsmembere vun den Amis de l’orgue an huet an diverse méi klengen Ensembele matgespillt.
Am Klassik Talk vun haut schwätzt de Gerry Welter iwwert déi schéin, awer och déi manner schéi Saachen déi hien a sengem Liewen erlieft huet. Iwwert säi Liewen als Orchestermuseker, iwwer seng Kanner an iwwert e klenge Baaschtert deen eng ganz besonnesch Platz ageholl huet.