Wat fir e Bild hutt Dir vu Komponisten, wa si Musek schreiwen? E Mënsch, dee bedächteg um Bord vun engem Séi sëtzt, oder eng nervös Persoun, déi iwwer d’Pult gebéckt um Stull sëtzt an esou séier wéi méiglech esou vill Noute wëllt opschreiwen, wéi et nëmme geet?
Hautzedaags gëtt natierlech bei ville Komponisten e groussen Deel vum kompositoresche Prozess um Computer erleedegt. An eisem Podcast “Klassik Talk”, an deem mir de Mënsch hanner der Musek an de Fokus stellen, huet eisen éischte Gaascht, de Georges Sadeler, ënner anerem verroden, wéi hie komponéiert. An et gëtt op jidde Fall eng Kompositiounsphas, an där hie sech gären a säi Büro zeréckzitt an d’Dier hanner sech zouzitt, fir ganz konzentréiert kënnen ze schaffen.