Hautzedaags ass de Georges Sadeler als Saxofonist a Komponist täteg. Schonn am jonken Alter vun nëmmen 18 Joer gouf hie feste Member vun der Militärmusek, an dat obwuel hien als Kand net wierklech iwwer esou ee Liewenswee nogeduecht huet. Hie war deemools nämlech net an der “Bubble” vun der Musekszeen.
Net all Museker weess schonn als Kand, datt e spéider wëllt Komponist, Dirigent oder Instrumentalist ginn. Hien hat eng ganz normal Kandheet an huet laang net dru geduecht, professionelle Museker ze ginn. De Georges Sadeler verréit, wéini hie gemierkt huet, datt d’Musek och säi berufflecht Liewe kéint ginn.