Hutt Dir Iech scho mol eng Kéier gefrot wéi et wier, mat Ärem eegene Schiet a Verbindung ze trieden oder esouguer Musek ze maachen? Dat ass natierlech eng zimmlech komesch Virstellung ...
Am Mierscher Theater probéiert de Saxofonist Andreas Mader awer genee dat. Do trëtt hien nämlech an enger Performance mat sengem “Alter Ego”, also mat enger Aart zweeter Versioun vu sech selwer a Kontakt, wärend deem hien op der Bün steet. An déi Verbindung passéiert duerch Projektioun an duerch Mouvementer, déi op der Bün passéieren. Dohier kënnt och den Titel vun der Performance “Alter Ego in Motion”. Den Optrëtt ass de 4. Juni am Mierscher Theater.