Den 11. Abrëll um 8 Auer owes spillt den Orchestre National des Jeunes e Concert am Mierscher Theater fir de Start vu senger Fréijoerstournée ze markéieren. De Concert dréit den Titel Éclats classiques et envolée nordiques an um Programm sti Wierker vum Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Jean Sibelius. Den Dirigent Pit Brosius erkläert, wat dësen immens poeteschen Titel u sech huet. Hien erzielt iwwer dem Orchester seng geplangte Visitt zu Bochum. Normalerweis spillt den Orchester zesumme mat renomméierte Solistinnen a Solisten, fir de Museker:innen en Abléck an d’Expertis an d’Erfarunge vu Professioneller ze ginn. Dës Kéier wäerte Leit aus dem eegenen Orchester solistesch optrieden.
Fréijoersconcert vum ONJ
ONJ (Foto: Max Mausen)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Fréijoersconcert vum ONJ
Den Orchestre National des Jeunes start seng Fréijoerstournée mat engem Concert ënner dem Titel éclats classiques et envolée nordiques
Nordvox elo an der internationaler Chouerlandschaft opgedaucht
Mat 25,42 Punkte konnt de Lëtzebuerger Chouer Nordvox beim Internationale Chouer Concours zu Riva del Garda gewannen. Mir hunn déi éischt Reaktioun vum Dirigent agefaangen.
Duebele Spaass: tëschent Chouer an Harmonie-Orchester
Den "National Youth Wind Orchestra Luxembourg" ass och 2026 nees aktiv iwwer d'Ouschtervakanz.
Eng Flucht mat der Albena Petrovic
Escapes, esou heescht de neien Album mat Kompositioune vun der Albena Petrovic interpretéiert vun de Pianiste Romain Nosbaum an Florin Mantalé
Wéi geet et viru mat der Museksschoul Cavem?
No der iwwerraschender Faillite vun der Museksschoul Cavem sichen di verbliwwe Museksproffen elo dréngend no engem Auswee, fir d’Schoul ze retten.
“Ech hunn nach ni an esou engem Sall gespillt, wéi dat do”
De Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun ass op Tournée an den USA. Seng éischt Etapp war den historeschen “Music Hall” zu Cincinnati.
Nei musikalesch Allianz tëscht Lëtzebuerg a Japan?
De Concert vun der japanescher Trompettistin Kana Madarame am Stater Conservatoire ass den Ufank.
Spéit Romantiker an de jonke Ravel an der Philharmonie
De Mëttwoch, 25. Mäerz spillt déi russesch Pianistin Anna Vinnitskaya e Concert ënnert dem Motto Late Romantics and Young Ravel an der Salle de musique de Chambre.
"Mech wonnert ëmmer, wat ee mat Bach alles maache kann"
Den 21. Mäerz steet de Gebuertsdag vum Johann Sebastian Bach an domat och de Festival "Bach in the Subways" virun der Dier.
En Owend voller Emotiounen
D’Präisiwwerreechung an de Gala-Concert vun den InternationalClassical Music Awards 2026 zu Bamberg.
Haydn, Jazz a Wäin am CAPE
Am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck steet um Programm eng Fusioun tëschent der Musek vum Meeschter vum Quartett an dem Jazz.
De Paul Juon als Bréck fir Beethoven a Mendelssohn
En Triosconcert um Buerglënster Festival, bei deem en Zäitgenosse vum Richard Strauss d'Wiener Klassik an déi däitsch Romantik matenee verbënnt.
"Ech hu gutt Energie an d'Universum gestach a krut se och zeréck"
De jonken amerikanesche Pianist Anthony Ratinov ass de Gewënner vum ICMA Classeek Award 2026 a spillt um Gala Concert de 18. Mäerz zu Bamberg.
Op der Sich nom verluerene Soundtrack
Am Kader vum LuxFilmFestival presentéiert den OCL säin nächste Chef meets Chef: Dës Kéier ass den Dirigent Bertie Baigent zesumme mat der Cineastin Céline Camara op der Bün.
5. Editioun vum Catch Music Festival
De Festival gouf mam Zil gegrënnt fir erfueren, lokal Museker:inne mat neien Talenter op eng Bün ze bréngen.
Eng Zäitrees bei de Louis XIV
Ënner dem Titel "Au temps de Louis XIV” gëtt d’Erëffnung vum 40. Klenge Maarnicher Festival an och de 25. Gebuertsdag vun de RMVA gefeiert.
D'NS-Landesmusikschule Luxemburg
Den 10. Mee 1940 verännert sech alles zu Lëtzebuerg: Déi däitsch Wehrmacht kënnt un de Pouvoir a kontrolléiert alles, inklusiv d'Kulturinstitutiounen.
175 Joer Sängerbond Diekirch
Ee vun den traditiounsräichste Gesangsveräiner am Land feiert mat enger grousser Serie u Concerten.
Live Concert de Sonndeg um Opus
Mozart, Mélanie Bonis a Carl Nielsen stinn um Programm vum Concert, deen den Opus de Sonndeg Moie vun 11 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.