Mat enger Ekipp vu 35 Sängerinnen, Sänger an Dirigent huet sech de Lëtzebuerger Chouer Nordvox aus dem Conservatoire du Nord den 1. Abrëll fir den International Choir Festival & Competition zu Riva del Garda an Italien op de Wee gemaach.
Et war déi éischte Kéier, datt Nordvox un dësem Concours deelgeholl huet; an dat ganz erfollegräich als Gewënner an der Kategorie A1 Mixed Choir (gemëschte Chouer). Den Dirigent Matthias Rajczyk huet dem Lex Kauffmann um Wee fir zeréck op Lëtzebuerg vun dësem Moment voller Emotiounen erzielt.