D’Ouschtervakanz huet dëse Weekend ugefaang, a fir ronn 70 Jugendlecher, déi tëschent 13 an 21 Joer al sinn an e Blosinstrument spillen, heescht dat, datt et op de Stage mam “National Youth Wind Orchestra Luxembourg” geet. De Concert ass de 4. Abrëll, owes um 8 Auer am Mierscher Theater.
De laangjäregen Dirigent vum Harmonie-Orchester, de François Schammo, huet eis verrode wéi esou eng Projetswoch ofleeft a wat vun de Schüler gefuerdert gëtt.