Den Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek, de Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun, ass grad an Amerika op Tournée. Leschte Sonnden (22.Mäerz) war de gréissten Optrëtt vu senger ronn zwou Woche laanger Visitt am Bundestaat Ohio.
Am Gespréich mam Christophe Mirkes huet de Jean-Claude Braun beschriwwen, wéi eng Impressiounen aus dem “Music Hall” vu Cincinnati him nach laang wäerten an Erënnerung bleiwen. An hie verréit och, wat ausser dësem Concert nach alles u musikaleschen Aktivitéite fir hie wäert ustoen.