De Sonndeg ass am Buerglënster Schlass e Concert, op deem eng fréier Schülerin a Kammermuseksproff sech op der Bün erëmbegéinen. D’Lëtzebuerger Cellistin Anik Schwall wäert nämlech zesumme mam Geiist Haoxing Liang optrieden. D'Pianistin vun dësem Triosconcert ass d'Laetitia Bougnol.
Nieft Beethoven a Mendelssohn ass ee manner bekannten Numm um Programm: Paul Juon.
D'Anik Schwall huet eis verroden, firwat den Zäitgenosse vum Richard Strauss sech perfekt als Bréck tëschent Wiener Klassik an däitscher Romantik ugebueden huet.