Vum Jean-Antoine Zinnen gegrënnt a vum Jos Kinzé gepräägt, feiert d’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch elo am Joer 2026 hiren 175. Jubiläum. Fir de 15. Mäerz ass d’Maîtrise aus der Kathedral invitéiert an deem Kader e Concert ze sangen. Den Dirigent Marc Dostert kënnt domat mat sengem Chouer zeréck bei seng Wuerzelen.
Als aktive Member vum Dikrecher Sängerbond verréit hien och, wat soss nach u Feierlechkeete geplangt ass.