Dem Fausti säi lëschtege Geescht gëtt de 7. Mäerz an der Philharmonie opliewe gelooss. D’UGDA-Musekschoul huet do nämlech e Concert geplangt, deen den Titel “A Tutti Fausti” huet. Do steet den Harmoniesorchester vun der UGDA, zesumme mam Chouer aus Schüler:innen an Enseignanten op der Bün. Och mat dobäi ass De Läb. Insgesamt triede ronn 150 Museker:innen op. Als Arrangeuren a Komponiste fir dësen Owend goufen den Ivan Boumans an de Georges Sadeler engagéiert. Als Ouverture vum Concert erkléngt dem Georges Sadeler seng nei Kompositioun “Spirito Fausti”.
Wéi kann een de Fausti an enger instrumentaler Kompositioun zesummefaassen? De Georges Sadeler huet eis verroden, wéi hien dat gemaach huet.