Wie mam Chouer wëllt op der Bün stoen, ka sech fir de Workshop den 13. Dezember umellen. Do ginn d'Chrëschtlidder fir de Concert den 21. Dezember geprouft. Et kann een awer och einfach op de Concert kommen an aus dem Sall matsangen.
Umelle fir de Workshop kann ee sech iwwer info@cube521.lu.
De Choir-ful Christmas-Concert ass eng Zesummenaarbecht vum INECC mat der Klierfer Museksschoul. Nieft dem Chouer stinn och de Blosensembel vun der Klierfer Museksschoul mat op der Bün. Dirigéiert gëtt de Concert vun der Marie Weis, déi ënner anerem verréit, op wéi ee Lidd vum Programm si sech am meeschte freet.