De Glyndebourne Opera Festival gëtt et all Joer am Summer gefeiert a ronn 100.000 Operefans sinn dobäi. Organiséiert gëtt de Festival um Site vum englesche Countryside-Haus am Sussex mam Numm Glyndebourne. 1934 gouf e gegrënnt, an dat éischter aus Zoufall. Ee Manager an ee weltberüümten Dirigent aus Däitschland waren deemools op der Flucht virun den Nazien an hu sech fir dëse Festival “fonnt”. De Joachim Fontaine verréit méi iwwer d’Geschicht vun deem Festival, dee Virbild fir vill anerer op der ganzer Welt ass.
Glyndebourne Opera Festival
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Glyndebourne Opera Festival
E groussen Operefestival, all Summer am brittesche Sussex
Kléischter: Gregorianik, Uergelen a Béier
De Kléischter verdanke mir e räicht Ierwen. Esouwuel wat d’Produktioun vu Béier ugeet, wéi och d’Erhale vum musikaleschen Ierwen iwwer Joerhonnerten.
East meets West
Den Hector Berlioz war op ville Concertsreese ronderëm d’Welt an zemools a Russland hat hie vill Succès.
Dem Beethoven seng 9. Sinfonie
D'Geschicht vum grousse Wierk, dat am Mee 1824 zu Wien uropgeféiert gouf.
E Bléck an d’Privatgemächer
Iwwer d'Relatioun vu grousse Komponiste mat hire Fraen
Vegetaresch, sportlech … a gesond Musek
Komponisten an Zäite vun der Liewensreform (ëm 1900)
Komponisten an hir bescht Frënn
Ouni Hausdéiere géife verschidde Wierker vläicht anescht kléngen.
Komponisten an hir Krankheeten
Vill si fréi verstuerwen a bis haut gëtt nach iwwer d'Doudesursaache gefuerscht.
Déi eenzeg Fra bei Les Six
D’Germaine Tailleferre war déi eenzeg Fra am franséische Komponistegrupp.