Eng Hymn fir d’Mënschheet, fir d’Mënschlechkeet, dat ass déi néngt Sinfonie vum Beethoven fir vill Leit bis haut. Verschiddener zweifelen awer un der moralescher Botschaft vun dëser Musek. Dem Schiller seng “Ode an die Freude” wier ze vill fir aner Kontexter benotzt ginn, ënner anerem vun Diktatoren. Fir déi Leit ass dem Beethoven seng Sinfonie éischter e Verrot un der Fräiheet an der Bridderlechkeet.
De Joachim Fontaine erzielt d’Geschicht vun “Der Néngter”, déi de 7. Mee 1824 am Theater am Kärtnertor zu Wien uropgeféiert gouf.