Wéini kann een e Bild, eng Musek oder en Text als "Konschtwierk" bezeechnen? Wat fir Krittäre sinn dofir relevant? A virun allem: Wie leet déi Krittäre fest? Kënnt et op dem Public seng Meenung un, oder geet et duer, datt d'Kënschtler selwer no hiren techneschen Idealer kreéieren?
De Joachim Fontaine gëtt eis puer Denkustéiss zu dësem Theema, unhand vum Andy Warhol a méi fréien Iwwerleeungen aus der Zäit vun der Opklärung, dem Charles Batteux sengem Wierk "Beaux Arts".