D'Entdecke vun enger neier Musek, e Gespréich oder eppes Onerwaartes: E puer Mol sinn et déi einfach Saachen, déi eis an Erënnerung bleiwen. E puer Mol gi mir awer och vill Suen aus, fir eppes Eemoleges ze erliewen an nëmme wéineg dovu bleift hänken. Wat also mécht aus engem Ament en Erliefnes? Ënner anerem dëser Fro geet de Joachim Fontaine no.
Erliefnes
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Fallschiermsprangen: en eemolegt Erliefnes? (Foto: Marius Dubost/Pexels)
mic_none
Presentéiert vum
- Joachim Fontaine
Episoden
Erliefnes
Wéini wëlle mir eppes erliewen? A wat ass e gelongent Erliefnes?
Gerechtegkeet
Wéini ass eng Gesellschaft gerecht?
Natur
Wisou ass eis d'Natur wichteg?
Egoismus
Wat bedeit et, egoistesch ze sinn?
Nee!
Ëmmer nëmme "Jo" soe wëll keen. Mee en "Nee" ass och net ëmmer ganz einfach. Wisou?
Schummen an neidesch sinn
Et kënnt drop un, wat mir dorausser maachen.
Schaffen, schaffen, schaffen ...
Wat ass eng gutt Aarbecht?
Iwwer Bullshit an Nonsense
Wéi kënne mir domat ëmgoen?
Déi voll Verantwortung iwwerhuelen
Dofir misst een all Eventualitéite vun enger Situatioun kennen. Dat ass meeschtens net de Fall. Ass domat "déi voll Verantwortung" fir déi grouss Decisiounen net onméiglech?
Fir ëmmer glécklech ...
Wier et iwwerhaapt sënnvoll esou en Zil unzestriewen als Mënsch?
Ass nëmmen d'Wouerecht sënnvoll?
Bréngt et eppes iwwer Saachen ze schwätzen, déi net existéieren? Ironescherweis hunn Hypotheese vu Fuerscher a Fantasiegeschichten an där Hisiicht zimmlech vill gemeinsam.
Geloossenheet
E Liewen tëschent Stëllstand a Leeschtung?
Dierf ech stéieren?
Wisou et heiansdo wichteg ass ze widderspriechen.
D'Liewen, wéi et kënnt
Iwwer d'Lassloossen, d'Akzeptéieren an de Versuch, dat Bescht doraus ze maachen.
Wat ass gerecht?
D'Gerechtegkeet betrëfft eis net just als Individuum, mee och als Gesellschaft. Mee wat ass iwwerhaapt gerecht?
Wisou vertraue mir eis?
Eng berechtegt Fro an enger Welt, an där mir esou dacks vun aneren enttäuscht ginn.